Pensioun vum Steve RIES
De Steve RIES ass den 20. Mee 1968 zu Lëtzebuerg gebuer.
1985 huet hien seng Ausbildung an der Sektioun Paramedical ofgebrach, fir als fräiwëllege Zaldot ze déngen.
1987 huet hien de Concours-Examen bestanen an ass op d'École d'infanterie zu Arël gaangen.
1988 gouf hien zum Sergant ernannt an op de Centre militaire zu Dikrech versat, wou hien 39 Joer Déngscht geleescht huet. Während senger Karriär huet hien ënner anerem als Sektiouns-Chef a spéider als 2IC am Peloton ATK, Fourrier an der Cie Alpha a Bravo, an als 2IC an der Grondausbildung geschafft.
Vun 2006 bis 2010 war de Steve chef de peloton an der Instruction de base (IB) a Compagnie-Adjudant an der Cie d'instruction. Am Joer 2012 huet hien d'Funktioun als sous-officier adjoint à l'officier de sécurité, opérations an instruction/Retex iwwerholl.
Den 1. Dezember 2021 gouf den Adjudant-Major RIES als Adjudant de Corps de l'Armée ernannt, eng Funktioun, déi hien bis zu senger Pensioun mat grousser Éier a Verantwortung ausgefouert huet.
Den Adjudant-Major Steve RIES huet a senger Karriär vill Formatiounen ofgeschloss a war a ville Missiounen engagéiert, wou hien säin Deel zum Fridden an der Welt bäigedroen huet.
Hien huet vill jonk Zaldoten a Kaderen inspiréiert an ass ëmmer e Virbild gewiescht.
Den Steve gesäit ëmmer dat Gutt am Mënsch
De Comité L-E-O an all ons Memberen wënschen dem Steve alles Guddes fir seng Pensioun