Ween sin mir?



 

Adjudant-Chef PAPI Dany - Président
Adjudant-Major GUDEN Claude - Vice-Président
Adjudant-Major BETZ Jean-Claude - Secrétaire général
Adjudant WEILER Raoul - Trésorier
Adjudant-Major LESGARDEUR Frank - Member
Adjudant-Chef BECKER Claude - Member
Adjudant-Chef NOTHAR David - Member
Adjudant-Chef TOUTSCH Nicolas - Member
Sergent-Chef BRITO Patrick - Member
Sergent-Chef MARTINS BRAZ Jessy - Member
1Sergent MIRKES Daniel - Member


Wat as den L-E-O ?

 
Mir sinn keng Gewerkschaft, mee eng Personalvertriedung déi d'Ënneroffizéier vun der Lëtzebuerger Arméi vertrëtt. Mir sinn d'Stëmm vum Corps an suergen dofir dass um direkten Wee d'Hierarchie wiert d'Meenung vun hiren Ënneroffizéier gewuer ginn an och dorop reagéieren kann. 

Wat as den L-E-O net?

 
Mir sinn keng politesch Partei déi den Wee an d'Ëffentlechkeet sicht an intern Problemer wäert ob der Place publique via d'Presse probéiert ze léisen. Dat huet an wäert ni ouni Kollateralschied funktionéieren. 

Wat mecht den L-E-O ?

 
Wann Ënneroffizéier an hiren respektiven Beräicher Problemer hunn, an déi net selwer gereegelt oder behuewen kréien, dann intervenéiert den L-E-O. An dat direkt ob der Platz bei der Autoritéit déi eng Decisiounen kann huelen, an dobäi  ginn keng Etappen iwwerspronge. Den Wee vum L-E-O ass réischt ob där Instanz fäerdeg wou schlussendlech eng Decisioun am Interêt vun den Ënneroffizéier an/oder dem Service geholl ginn ass. 

Wat mecht den L-E-O net?

Mir schéissen net mat Kanounen ob Spatzen vir eisen Wëllen duerchzesetzen. Domadder verschéisst een net just säin ganzen Polver, mee et lancéiert een eng Schlammschluecht déi iergendwann net méi ze geréieren ass.

Wei schafft den L-E-O ?

 
Bei Froen/Probleemer/Ännerungen etc., ginn d'office d'Memberen ëm hier Meenung gefrot an réischt dann positionéiert den L-E-O sech.
 Den L-E-O gëtt keen Avis of ouni virdrun all Member doriwwer informéiert ze hunn. 

Den L-E-O as emmer disponibel!

 
Mir sichen mat den concernéierten Ënneroffizéier zesummen eng Léisung. 


 

Wei kann ech Member am L-E-O ginn?